23.12.2025
14.12.2025
D'Membere vum GRM vun der Société des naturalistes luxembourgeois trauern ëm hiere Kolleg a Frënd Ben Schultheis. Als onermiddleche Fuerscher vu "Pilzen ouni Lamellen" (Apophyllophorales) huet hien eng ganz Rei sielen oder fir Lëtzebuerg nei Aarte fonnt. De Ben huet an Zesummenaarbecht mat lëtzebuergeschen an europäesche Mykologen nei Aarte fir d'Wëssenschaft entdeckt a beschriwwen an huet esou zur Dynamik vun der Mykologie an eisem Land an am Ausland bäigedroen. Seng wëssenschaftlech Genauegkeet, säin Interessen um Fortschrëtt vun der Fuerschung a säin Engagement waren e Virbild, ganz besonnesch fir nei Memberen. De GRM verdankt him vill. Mer wäerten de Ben an overgiesslecher Erënnerung behalen.
De J. A. Massard & de G. Geimer hun him e biografischen Artikel am Bulletin Nr. 116 (2015) vun der Société des naturalistes luxembourgeois gewidmet. Seng Publikatiounen am Bulletin vun der Gesellschaft kann een ënnert dësem Link fannen.
17.01.2025
D'Membere vum GRM hunn déi traureg Flicht, den Doud vum Marie-Thérèse Tholl matzedeelen. Si war Grënnungsmember vum Groupe de recherche mycologique vun der SNL am Joer 1983. Hiert ganz grousst Wësse vu Pilzen a Botanik, esou wéi hier wëssenschaftlech Aarbecht waren déi gréisste Stäip vum Grupp. Duerch déi jorelaang Begleedung mat Rot an Dot bleift d'Marie-Thérèse eis ëmmer a beschter Erënnerung.
22.12.2024
19.12.2023
26.10.2023
26.10.2023
23.10.2023
De Jerry Thorn an de Mike Clemens ware beim Radio 100,7 am Interview.
04.10.2023
29.01.2023
De GRM huet a senger leschter Versammlung eng Rei Aktivitéite fir d'Joer 2023 festgeluecht. Méi doriwwer fannt der hei.
01.08.2022
Dëst Joer fannen am Hierscht erëm Bestëmmungsowenter am Haus vun der Natur op der Kockelscheier statt. Weider Informatiounen dozou ginn et hei.
26.05.2022
Et gëtt e gréisseren Update bei de Fotoen. Hei kënnt der Iech se ukucken.
12.03.2022
De GRM huet sech den 12.03.2022 zu enger Versammlung am Haus vun der Natur op der Kockelscheier getraff. Hei ass de Bericht dovun:
19.10.2021
De Rapport vum "Cours d'Initiation à la Mycologie" fannt der hei als PDF:
28.09.2021
De GRM huet sech den 21.09.2021 zu enger Versammlung am Haus vun der Natur op der Kockelscheier getraff. Hei ass de Bericht dovun:
01.09.2021
Déi sanitär Moossname maachen eng Pilzberodung am Haus vun der Natur leider onméiglech. D’Méiglechkeet fir är Pilzen iwwer E-Mail bestëmmen ze loossen, besteet awer weiderhin. Méi Informatiounen dozou fannt dir ënnert der Rubrik „Bestëmmung“.
30.08.2021
De GRM huet sech de 25.08.2021 zu enger Versammlung am Haus vun der Natur op der Kockelscheier getraff. Hei ass de Bericht dovun:
09.07.2021
Vun elo un, ass eng Bestëmmung per E-Mail méiglech, virausgesat, datt e puer Bedingungen agehal ginn. Fir e Pilz anhand vun e puer Fotoen ze bestëmmen, brauche mer folgend Informatiounen:
⦁ eng Foto vun uewen vum Hutt
⦁ eng Foto vun ënnen vun der Fruchtschicht- eng Foto vum Still
⦁ eng Foto vun engem Schnëttbild. Dofir muss de komplette Pilz der Längt no duerchgeschnidde ginn.
⦁ méiglech Symbiosepartner: Wéi eng Beem oder Hecke wuessen an der Géigend?
⦁ d’Substrat: Wourop wiisst de Pilz?
⦁ de Geroch
⦁ eventuell Verfierwungen déi nom Schneiden entstinn
⦁ d’Faarw vun der Mëllech déi eventuell aus dem Pilz austrëtt
De Pilz däerf op kee Fall ofgeschnidde ginn, sondern muss komplett mam ganze Still aus dem Buedem geholl ginn, soss feele wichteg Bestëmmungsmierkmoler. D’Fotoen musse bei Dagesluucht gemaach ginn. Kënstlech Beliichtung verfälscht d’Faarwen. Eng gutt Opléisung a schaarf Fotoen sinn e Muss.
Déi Fotoen mat den uewen opgezielten Informatiounen kënnt der op pilzberodung@grm.lu schécken. Doduerch, datt mer de Pilz net perséinlech ënnersiche kënnen, kënne mer per E-Mail natierlech keng Iessensfräigab ginn.
08.07.2021
De GRM ass elo och op Facebook vertrueden. Loosst eis e Like do, a verpasst näischt méi.
Eis Säit fannt dir ënnert dësem Link: GRM Facebooksäit




















